Resultater vum 21. a 22.09.24
23rd September 2024
Entente Feulen-Grevels-Heiderscheid
Bambinis haten hiren éischte Match, Kanner hu sich ganz gutt druginn an si haten vill Spaass.
Pupilles I hunn zu Wentger gespillt an um Enn13-5 verluer. Am Match gouf et déi eng oder aner onglécklech Situatioun, esou hu mir direkt e puer mol just de Potto getraff a bei méi Aktiounen ëmmer nëmme knapps laanscht de Gol geschoss. Wëntger war besser am Spill, mee ons Ekipp huet ëmmer nees versicht zesummen ze spillen. Insgesamt awer eng gutt Performance vun der Ekipp!
Pupilles II hu géint Brouch III gespillt: um Enn hu mir däitlech 1-15 gewonn. D’Spiller hunn alles ganz gutt ëmgesat.
Fillettes gewanne 5-15 zu Kielen géint eng méi jonk, mee spilleresch awer gutt Ekipp. Den 1. Drëttel war zimmlech ausgeglach, mir ware just méi effektiv virum Gol. Insgesamt hunn ons 2 Golkeeperinne gutt gehal. Am Spill no vir hu Spillerinnen immens gutt zesumme gespillt, de Message, dass Fussball eng Ekippe-Sportaart ass gouf gutt ëmgesat!
Poussins I waren zu Ierpeldeng am Asaz a konnten sech hei mat 12-4 duerchsetzen. Vun Ufank un hunn eis Jongen eng konzentréiert Leeschtung gewisen an sech séier mat puer flott erausgespillten Goler belount. Et ass flott ze gesinn dass mir mëttlerweil spilleresch Léisunge fanne vir aus aus Drocksituatiounen ze befreien. D‘Poussins II hu gutt de Ball lafe gelooss souwuel no vir wéi och mol no hanne gespillt…jiddereen huet probéiert roueg ze bleiwen am Ballbesëtz an de Géigner direkt gestéiert wa mir de Ball verluer hunn…eng ganz gutt Ekippeleeschtung géint Etzella wou dann och eng 7-3 Victoire dobäi erauskoum.
Eis Minimes I gewanne verdéngt mat 4-0 géint Harel. Eng staark Ofwier, gudde Pressing an eng staark leeferesch Leeschtung hunn eis gehollef zu Harel näischt ubrennen ze loossen. Leider ass et bei de Minimes II net esou ronn gelaf. Spilleresch konnte mir net daat ënsetzen wat am Training gesin gouf an esou hu mir eis an enger insgesamt schwaacher Partie mat 1-4 géint Bourschend geschloe misste ginn. Den Asaz an de Fairplay hunn awer gestëmmt.
Scolaires gewannen zu Eschduerf kloer géint Entente Jeunesse Atertdaul mat 7-1.No engem 0-1 Réckstand hunn d'Jongen de Match dominéiert an hunn näischt méi zougelooss an hunn sech déi Victoire kloer verdéngt.
D’Jeunes Filles hunn auswäerts zu Wëntger mat 0-7 gewonn!
Ons Cadets hunn sech no engem 1-4 Réckstand an der Halbzeit alles gi géint d’Entente Colmar/Schieren mee um Enn sollt et net duergoen, si verléiere mat 5-6.
Fotograféiert vum Entente