20.11.23: Resultater vum Weekend

D'Jeunes Filles vun der Entente Mertzig-Feulen-Grevels-Heiderscheid Foto vun Entente
20 November 2023
Bambini I hunn zu Housen géint d’Heemekipp verluer, géint Harel gewonn a géint Wolz/Wëlwerwolz gouf et ee Gläichspill.
Bambini II an III hunn zu Wëntger gespillt: géint Wëntger gouf et eng Défaite an ee Gläichspill a géint Veianen hunn béi Ekippen gewonn. Duerch déi gutt Kontakter mat den aneren Veräiner konnten nees 3 Ekippen den Weekend spillen, esou dass vill Kanner Spillpraxis sammelen konnten.
Pupilles I hunn auswäerts zu Biekerich géint d’Entente Aterdaul I 6-10 gewonn. D’Ekipp ass géint een spilleresch a physësch staarke Géigner immens gefuedert ginn an hunn esou fir déi 1. Défaite fir dës Saison vum Géigner gesuergt.
Pupilles II waren zu Wolz am Asatz, um Enn stoung et 11-7 fir Wolz/Wëlwerwolz. De Match war zimlech ausgeglach, nom 1. Drëttel war ons Ekipp 1-4 vir. Mat e bëssen méi Gléck virum géignerëschen Gol wäer nach méi drann gewiecht. Trotzdem war et ee ganz gudde Match!
Fillettes hunn hieren Heemmatch géint den FC Kehlen 11-3 gewonn. Phasenweis hunn Meedercher ganz schéine Fussball gespillt, alleguer hunn sie probéiert propper Passen ze maachen an Spill vun hannen eraus opzebauen.
Poussins I hunn sëch an engem staarken Match 6-3 géint Dikrech behapt. Virun allem am 1. Drëttel war ons Ekipp dem Géigner spilleresch iwwerleën. No engem kléngen Duerchhänger ass de Ball dunn nees besser gelaf an Goler goufen dunn och geschoss.
Poussins II haten leider méi ee schwéieren Stand géint den FC Marisca Miersch II: géint een technësch a spillerësch immens staarke Géigner stoung et um Enn 1-11.
Minimes I hunn och hieren 2. Match am 2. Tour vum Championnat gewonn, de Géigner war Bastenduerf: no engem hart ëmkämpften Match war d’Resultat zum Schluss 5-2 fir ons Ekipp!
Minimes II konnten och eng Victoire géint Ierpeldeng II feieren: no enger souveräner Ufankphas mat 3 Goler hunn Spiller et nach eng Kéier spannend gemaach. Ierpeldeng koum nees runn, no 75 Minutten stoung et dunn awer 2-3 fir eis Ekipp.
Scolaires hunn nom Opstieg an déi 4. Klass och do weidergemaach wou sie an der 5. Klass opgehalen hunn: géint ee starken Géigner Ierpeldéng-Burschent hunn d’Jongen no engem Réckstand super gekämpft fir um Enn 2-4 ze gewannen!
Ons Jeunes Filles waren dann och nees am Asatz: zu Mäerzeg hunn sie 5-0 géint Useldeng gewonn!