13.11.23: Resultater vum Weekend

Bambini zu Housen Foto vun Entente
13 November 2023
Bambini waren den Weekend mat 3 Ekippen am Ansatz. Zu Mechela hun Bambini I géint Buerschent an Norden verluer, géint Wëntger gouf et een Gläichspill. Bambini II an III hunn zu Housen gespillt: eng Ekipp huet hier 3 Matcher gewonn déi aner Ekipp huet géint Housen gewonnen an knapp geint Etzella verluer .
Pupilles I gewannen no enger souveräner Leeschtung 14-6 géint den Norden 02.
Och eis zweet Ekipp huet géint Medernach II näicht ubrennen gelooss an zum Schluss 15-9 gewonnen.
Fillettes hunn 11-12 zu Housen no enger super Ekippe-Leeschtung gewonn!
Poussins I haten ee super Match géint Bastenduerf gespillt. Wärend dem ganze Match waren d‘Spiller alleguer virbildlech am Ëmgang matenee. Um Enn huet Bastenduerf 6-3 gewonn.
Poussins II hu sech missen 2-8 géint Ettelbréck III geschloe ginn.
Bei den Minimes huet den Weekend den 2. Tour vum Championnat ugefong. Minimes I gewannen zu Feelen 5-2 géint Useldéng. De Match vun den Minimes II gëtt haut Méindeg nogeholl.
Wéinst den Wiederconditiounen huet den Match vun den Scolaires leider missten ofgesot ginn.
Cadets verléieren 3-2 auswäerts géint Mäerzeg II.