6.11.23: Resultater vum Weekend

Pupilles II zu Wëntger Foto vun Entente
06 November 2023
Bambini I hunn zu Wëntger 3 Matcher gespillt, dovunner 2 gewonn (géint Wëntger an Etzella II) an 1 gläichgespillt (géint ENT Woltz/Wëlwerwoltz). Bambini II hunn zu Schieren gespillt: géint d’Heemekipp gouf ët ee Gläichspill, géint Bastenduerf I eng Victoire a géint Etzella 1 eng knapp Défaite.
Pupilles I hunn a net einfachen Wiederkonditiounen 9-9 zu Schieren gläich gespillt. D'Zuschauer hunn hei een flotten an fairen Match vun deenen zwou Ekippen gesinn deen um Enn keen Verléirer verdingt haat.
Pupilles II hunn zu Wentger no engem ganz staarke Match ganz héich gewonn. No dem 1. Drëttel stoung et schon 0-13 fir eis Ekipp, dorop hinn huet onsen Trainer décidéiert, fir den Rescht vum Match mat engem Spiller manner um Terrain ze spillen. Bravo fir dësen fairen Geste!
Fillettes hunn doheem 9-12 géint Jonglënster verluer. D’Resultat weist, dass et ee Match op Aanhéicht war. Mat e bëssen méi Chance virum Gol hätten ons Fillettes de Match sëcher gewonn.
Poussins II hunn an engem ganz spannenden Match um Enn 3-2 géint den Atertdaul gewonn.
Minimes waren dësen Weekend spillfräi, dowéinst hunn sie een Frëndschaftsmatch géint Wëntger II gespillt. No enger flotter Teamleeschtung stoung et 3-1 fir ons Ekipp!
D’Jeunes Filles hunn doheem 2-1 géint den FC Kehlen gewonn.
Scolaires hunn géint Etzella II an engem weideren Frëndschaftsmatch doheem 3-1 gewonn a sinn domat weiderhinn ongeschloen!