30.10.23: Resultater vum Weekend

Minimes II Foto vun Entente



30 October 2023

Mam Ufank vun der Vakanz war et an verschiddene Kategorien den Weekend méi roueg.

 

Bambini I hunn zu Mechela gespillt: no 2 Victoir’em géint Ierpeldeng a Buurschend gouf et a leschter Sekonn eng Néierlag géin Schieren. Zu Feelen waren direkt 3 Ekippen vun ons am Asatz. Géint Wëntger hunn 2 Ekippen gewonn, déi 3. huet gläichgespillt.

 

Fillettes hunn den Weekend net gespillt.

 

Pupilles I gewannen 9-6 géint Ëlwen an Pupilles II hunn sech no enger gudder Ufanksphase wou mer virloungen leider zum Schluss nach mussen géint d'Ekipp vum FF Norden02/Wäiswampech/Hëpperdang 6-10 geschloen ginn.

 

Poussins I hunn géint Housen gutt dergéint gehal mee leider hier Chances net gutt genotzt. Esou stoung et um Enn 3-8 fir d’Gäscht. Poussins II hunn 6-7 géint Useldéng gespillt, de leschten Gol ass dobäi an de leschten Sekonnen vum Match gefall.

 

Minimes hunn bis den 11.11 keen Championnat-Match (genau sou wéi Scolaires an Cadets). Dowéinst hunn Traineren ee Frëndschaftsmatch fir ons « 2. Ekipp » organiséiert : no engem ganz gudde Match gewannen sie 9-3 géint Miersch III.

 

Jeunes Filles hunn sech de Sonndeg leider missten mat 1-0 zu Mamer geschloen ginn.