23.10.23: Resultater vum Weekend

Jeunes Filles Foto vun Entente



23 October 2023

Den Weekend war nees vill lass op den Terrain'en!
Bambini hunn zu Ierpeldeng géint staark Buurschter verluer, onglécklech géint d'Etzella verluer an géint d'Heemekipp awer gewonn! Déi aner Bambini waren zu Housen am Asatz: hei gouf et 3 Victoir'en an 3 Matcher (géint Housen, Harel an Schieren).
 
Pupilles I hunn ee ganz staarken Match zu Veianen gespillt: um Enn stoung et 2-12 fir ons Ekipp. Pupilles II hunn zu Ettelbréck mat 13-9 géint Etzella II verluer. Och sie hunn alles ginn, mee leider ass zum Schluss e bëssen d'Loft ausgang.

Fillettes sollten zu Ell spillen: duerch den villen Reen war den Terrain awer leider an engem schlechten Zoustand, sou dass den Match muss nogespillt ginn.
 
Poussins I hunn zu Feelen mat 2-7 géint Wëntger I verluer. Poussins II verléieren 4-2 zu Bastenduerf an Poussins III hunn hiere Frëndschaftsmatch géint Wëntger mat 9-1 gewonn.
 
Bei den Minimes stoung ee Coupe-Match um Programm: zu Gréivels gouf et hei leider eng 0-6 Néierlag géint Itzeg. Alt nees muss ee soen, dass d'Jongen sëch net fir hier Leeschtung belount hunn an d'Resultat net dem Verlaf vum Match entsprëcht. Nom 1. Drëttel hätten mir schonn 2-3 Goler missten geschoss hunn, mee, wann ee selwer keng Goler schéisst.... .
Moies war dann och nach ee Frëndschaftsmatch vun den aneren Minimes-Spiller géint Housen III. No villen Goler stoung et um En 5-5.
 
Ee weideren Frëndschaftsmatch hunn Scolaires gespillt: Traineren hunn dëse Match genotzt fir esou Munches auszeprobéieren wat Taktik an Opstellung ugeet an dat ass och opgang. Um Enn gewannen sie nat 5-4 géint d'Entente Bastenduerf-Housen.
 
D'Jeunes Filles hunn missten hier 1. Néierlag astiechen (0-1) géint Jonglënster II. Et war bis zum Schluss e ganz serréierten Match an an der leschter Minutt an dunn leider de eenzegen Gol vum Match gefall!