16.10.23: Resultater vum Weekend

Poussins II Foto vun Joëlle Gils



16 October 2023

Hei den Iwwerbléck vun den Resultater vum Weekend:
 
Bambini hunn zu Nidderfeelen hier 3 Matcher géint Bourschent II, Ierpeldeng I an Ezella II gewonn.
 
Pupilles I gewannen 18-6 géint Medernach I. Pupilles II haten méi een schwéieren Stand an hunn um Enn däitlech géint Housen verluer.
 
Fillettes hunn zu Kielen géint d'Heemekipp gespillt. Nodeems déi éischt 2 Drëttel bëssen verschlof goufen sinn sie am 3. Drëttel erwecht. Um Enn ass et awer net duergang an sie hunn sëch missten mat 7-3 geschloen ginn.
 
Poussins I hunn sech an engem intensiven Match missten mat 5-11 géint Woltz I geschloen ginn. D'Astellung an den Engagement vun den Spiller hunn awer gestëmmt! Poussins II hunn dogéint 3-2 géint Wëntger gewonn, dëst no engem engagéierten Match wou gutt zesummen gespillt gouf.
 
Minimes I hunn sëch missten zu Ierpeldeng mat 6-2 geschloen ginn, wat leider den Oftstig an Klass 5 bedeit. D'Resultat spiggelt awer net den Match rëm. Spiller hunn alles probéiert fir mindestens 1 Punkt matzehuelen, wat gläichzäiteg d'Halen vun der Klass bedeit hätt. D'Aart a Weis wéi gespillt gouf versprëcht awer fir Matcher an der 5. Klass! Minimes II hunn Léiergeld géint eng staark Etzella II -Ekipp bezuelt:No engem gudden éischten Drëttel (0:1) hun sie am zweeten Drëttel den Fuedem verluer an séier hannerteneen 5 Goaler geschoss kritt. Em sou méi remarquabel, dass sie am läschten Drëttel rëm dergéint gehaalen hun, an sëch rëm méi déier verkaaft hun.
 
D'Jeunes Filles gewannen och hieren 3. Match: um Enn stoung et 3-1 géint d'Ekipp vun Wëntger!
 
Dann gouf et eng super Leeschtung vun onsen 2 eelsten Ekippen:
Scolaires hunn et fäerdeg bruecht, no 5 Victoir'en an déi 4. Klass opzesteigen. Den Samsdeg hunn sie 2-3 géint Rammerech gewonn! Weider esou Jongen!!
Cadets hunn hieren Match och 4-2 gewonn!