Derby-Time

Meedercher vun der Entente a Mäerzeg



09 October 2023

Gëschter stoung den Derby tëscht dem FC Sporting Mertzig an der US Feulen un!
Vue que, dass mir bei den Fillettes a bei den Jeunes Filles seit dëser Saison eng Entente mat Mäerzeg hunn, hunn Meedercher vun den 2 Veräiner zesummen mat den Mäerzeger Poussins d'Spiller vun den 2 Ekippen op den Terrain begleed! Op déi Art a Weis konnten mir dem Publikum dës nei Entente präsentéieren! 
Erwähnenswert ass trotzdem, dass Feelen 1-3 gewonn huet an domat elo 2. an der Tabell an der 1. Divisioun ass!