9.10.23: Resultater vum Weekend

Bambini zu Ettelbreck Foto vun Entente



09 October 2023

Bambini I hunn geint Veianen, Buurschend an Bastenduerf gewonn, Bambinis II hunn zu Ettelbrëck geint Ettelbrëck 1 verluer an geint Ettelbrëck 2 gleich gespillt: am 1te Match hunn sie gut matgehaal, am 2te Match no heijer Feierung zum Schluss leider gleich gespillt.

 

Pupilles I hunn 1-20 auswäerts an der Fiels gewonn. Pupilles II haten e bëssen méi schwéieren Stand zu Dikkrich a verléieren 11-5. Trotzdem hunn Spillerinnen an Spiller alles ginn an ee gudde Match gemaach.

 

Fillettes hunn no 2 Défaiten hieren 1. Match gewonn. An engem flotten a spannenden Match waren déi 2. Ekippen op Aanhéicht an um Enn stoung et 6-5 fir ons Ekipp geint Housen! Mat enger besserer Chancen-Verwertung wäer ee méi kloert Resultat méiglech gewiecht!

 

Poussins I hunn nees ee ganz gudde Match gespillt, dëst géint eng staark Ekipp aus dem Atertdaul, um Enn stoung et awer h 5:9 fir d’Gäscht. Poussins II hunn auswäerts géint den Norden gespillt a mat 8-4 verluer.

 

Minimes I hunn géint eng ganz stark Housener Ekipp eng super Leeschtung gewisen:  eng kompakt an disziplinéiert Verteidegung war Tromp mee leider ass et zum Schluss net ganz duer gaang a no engem intenisven Match hunn sie sech missten mat 3-0 geschloen ginn.

Minimes II verléiert 4-6 géint den FC Ierpeldéng. No 0-3 Réckstand sinn sie awer nach op 3-3 komm mee leider ass et net duergang.

 

D’Jeunes Filles hunn och hieren 2. Match gewonn an sech domadder un der Tabellespëtzt festgesat: 2-1 stoung et zum Schluss géint Useldéng.

 

Scolaires hunn no engem gudden Match 2-1 géint Märtzeg gewonn, Cadets gewannen 2-3 zu Wëntger.