2.10.23: Resultater vum Weekend

Minimes I an hierer neier Tenue Foto vun Entente
02 October 2023
Den Weekend waren quasi all d'Ekippen am Asatz, hei den Iwwerbléck vun den Resultater:
Ons 2 Bambini-Ekippen hunn zu Schieren gespillt: um Enn waren et 2 Victoir'en géint Schieren/Colmer an 1 géint den Norden esou wéi eng Défaite géint den Norden.
Pupilles I hunn hieren Match doheem mat 17-4 géint Burschent I gewonn, Pupilles II verléieren knapp 10-12 géint Bastenduerf II, dëst no enger ganz gudder Ophueljuegd.
Léiergeld hunn ons Fillettes missten bezuelen: zu Jonglënster stoung et um Enn 19-1 fir d'Heemekipp. Ons jong Ekipp (just 2 Meedercher am Kader déi lescht Saison schonn Matcher gespillt hunn) hat awer eng ganz Reih Chancen a sie hunn bis zum Schluss net opginn! Respekt!
Poussins I hunn ee super Fussball gespillt an engem Match wou et erop an erof gang ass. Um Enn gewënnt Ierpeldéng bëssen glécklech mat 12-9. Poussins II verléieren 6-11 géint Rammerech.
Minimes I an II hunn jeweils een Heemmatch gespillt: Minimes I verléieren no engem richteg gudden Match 1-4 géint Wëntger. No 50 min stoung et nach 0-0 an am leschten Drëttel huet den Géigner e puer Onopmierksamkeeten äiskal bestroft. Minimes II haten een schwéieren Stand géint d'Entente Schieren-Colmer: géint eng kierperlëch a spillerësch iwwerleën Ekipp stoung et um Enn 0-11.
Scolaires gewannen 5-3 géint Ëlwen. Chancen fir méi héich ze gwannen waren do.
Cadets hunn dann och hieren 1. Match gewonn: 3-1 géint Housen.
D'Jeunes Filles waren spillfräi den Weekend.