25.09.23: Resultater vum Weekend

Minimes I zu Mäerzeg Foto vun Rosa Lopes



25 September 2023

Ons 2 Bambini-Ekippen haten den Weekend zu Nidderfeelen e puer Frëndschaftsmatcher: géint Rammerech a Mäerzeg goufen et dobäi jeweils 2 mol eng Victoire.
 
D'Fillettes verléieren hieren 1. Match vun der Saison 5-8 géint den SC Ell, dëst mat villen neien Spillerinnen deenen hieren 1. Match dëst war.
 
Pupilles hunn den Samsdeg och 2 Frëndschaftsmatcher gespillt, dëst 2 mol géint Harel: Pupilles I hunn 16-3 gewonn an Pupilles II hunn an engem ganz flotten Match 9-12 verluer.
 
Poussins hunn een internen Tournoi gespillt.
 
Während Minimes II spillfräi waren, hunn sëch Minimes I ganz kloer mat 1-13 géint Mäerzeg II behapt.
 
D'Jeunes Filles haten och hieren 1. Match: um Enn stoung et 4-1 fir sie géint Kielen.

Scolaires hunn 8-0 géint Young Boys Dikrech gewonn an ons Cadets hunn sech leider missten mat 3-0 géint Rammerech geschloen ginn.