27.11.23: Resultater vum Weekend
Um Leschte Spilldaag virun der Wanterpaus waren eis Bambini nach eng Keier mat 3 Equipen ennerwee. Bambini I an Bambini III hunn zu Zu Feelen gespillt: hei goufen et am ganzen 3 Victoiren, 1 Gläichspill an eng Néierlag.
Zu Wooltz hunn Bambini II ganz gut gespillt an sech awer d'Matcher och deelweis selwer bessen schwiereg gemaach. Um Enn verleieren mir geint Wooltz, gewannen dono nach eng Keier geint Wooltz an zum Schluss mussen mir eis géint de Norden geschloen gin.
Pupilles I gewannen am Schneegestöber zu Harel 12-4. Niewt enger gudder Ekippe-Leeschtung an virbildlechen Asatz dei dräi Drëttel iwwer konnten d'Jongen och hiren läschten Match vun der Virronn gewannen. Och Pupilles II haten een flotten Ofschloss an hunn nodeems et nom 2. Drëttel nach 3-3 stoung, dank engem iwwerzeegenden 6-0 am leshcten Drëttel um Enn 9-3 gewonnen. No engem schwieregen Saisons-Ufank hunn d'Jongen sech séier konnten un den Pupilles-Niveau upassen an halen gudd mat.
Fillettes waren dësen Weekend spillfräi. Dowéinst hunn sie ee Frëndschaftsmatch zu Beggen gespillt. Op Ufro hinn vum Géigner hunn an onser Ekipp haptsächlëch jonk Spillerinnen respektiv Ufängerinnen gespillt. D’Meedercher hunn deelweis flotten Fussball gebueden an um Enn stoung et 2-10 fir ons Ekipp!
Poussins I hunn gëschter e bësse Léiergeld bezuelt: no 15 Minutte war et nach 2-3 fir Etzella mee no 25 Minutten 2-7! nom 2. Drëttel 2-8, do krute mir a 25 Minutten just 1 Goal geschoss a mir hu méi Zweekampf gewonn. De leschte Drëttel hunn eis Kräften e bësse verlooss an d‘Resultat war dono 3-15.
Poussins II verléiren géint Bissen 6-2: dobäi war vill Pech am Spill. Am leschten Drëttel hunn d‘Jongen vill probéiert mee et sollt net méi duergoen. Ingesamt awer war ee et ee gudden a virun allem faire Match vun béiden Ekippen!
Minimes I hunn ee wichtegen Punkt zu Colmer géint d’Entente Colmer/Schieren geholl: op engem ganz schwieregen Terrain hunn sech déi 2 Ekippen näicht geschenkt an um Enn stoung et 0-0!
Minimes II hunn souverän 7:1 géint den Atertdaul II gewonnen. Vill méi wichteg ewei d‘Victoire awer wor d‘Art a Wéis wéi mer eis presentéiert hun (flott Passkombinatiounen, gudden Asaatz vun jiddferengem, fair par rapport zu den Géigner an flotten Zesummenhalt ënnerteneen).
Jeunes Filles hunn auswäerts 3-2 géint Wëntger verluer. De Match war ganz ausgeglach mee um Enn sollt ët net ganz duergoen.
Scolaires hunn sëch no e puer Startschwieregketen konnten zu Harel mat 0-5 duerchsetzen!
Cadets hunn de Sonndeg zu Feelen eng ganz gudd Leeschtung gewisen a sëch 5-2 géint Harel duerchgesat!!